Ausdauer- an Höhentrainingslager an Eisterräich -  24.-30.08.2020

Ausdauer- an Höhentrainingslager an Eisterräich - 24.-30.08.2020

D’Judo Team Lëtzebuerg huet d’lescht Woch un engem « Ausdauer- an Höhentrainingslager » an Eisterräich Deel geholl. Ënnert der Leedung vum Nationaltrainer, Alexander Lüdeke, a mam Katherina Haecker a Raphael Schwendiger mat u Board, sinn déi 4 Lëtzebuerger zu Bramberg un hier Limite gaangen.

Niewent deem ganz haarden sportlechen Deel, wou et ze Fouss a mam Mountainbike iwwer Bierg an Dall goung, bleiwen déi eenzegaarteg Panorama’en, de Krimmler Waasserfall an hier Ënnerkunft op 2005m Altitude, sécherlech och an Erënnerung. Mir soen dem Herr Ingo Willich a senger ganzer Equipe vum Wildkogelhaus e grousse MERCI vir hier Gaaschtfrëndschaft !

#JudoTeamLëtzebuerg #TeamLetzebuerg #letsmakeithappen #wildkogelhaus #bramberg #höhentrainingslager #krimmlerwasserfall