Happy World Judo Day 2020!
D'Anetta MOSR (JC Beaufort) an de Claudio NUNES DOS SANTOS (JJJC Differdange)

Happy World Judo Day 2020!

Mir wënschen Iech haut um 28. Oktober, Gebuertdag vum Fondateur vum Judo, dem Här Jigoro Kano, e ganz schéine Welt-Judo-Dag. Besonnesch elo, an dëser schwiereger Zäit, sinn de Sport, den Zesummenhalt, d'Solidaritéit an eis Judowäerter ëmsou méi wichteg. Den Welt-Judo-Dag steet doduerch och dëst Joer ënnert dem Motto: « Stronger Together », « Méi Staark Zesummen ».

Passt op Iech an Är Matmënschen op, haalt Iech konsequent un d’Virschrëften vun eiser Regierung bleift zouversiichtlech a loosst Iech net entmutegen… ewéi eis COSL-Athleten d’Anetta MOSR (JC Beaufort) an de Claudio NUNES DOS SANTOS (JJJC Differdange), déi déi nächst sportlech Moossnamen mat vill Motivatioun virbereeden.