Lëtzebuerg vertrueden op der Judo Europameeschterschaft 2020!

Lëtzebuerg vertrueden op der Judo Europameeschterschaft 2020!

Mam Claudio Nunes Dos Santos (-73kg, Cadre COSL Elite, JJJC Differdange) geet muer deen eenzege Lëtzebuerger bei der dësjäreger EM un de Start.

Obwuel den Déifferdenger, Nr. 58 vun der Weltranglëscht (WRL), an der éischter Ronn géint de Rustam Orujov (WRL Nr. 2 a Vize-Olympiameeschter en titre) untriede muss, weise sech de Nationaltrainer an den Athlet héchst motivéiert: si wëllen hierë Kampfstil duerchzéien a sinn zouversiichtlech, dass hinnen d’Iwwerraschung gelénge kéint.

« Claudio freut sich. Er ist hier um mit den besten zu kämpfen, also - auf geht’s! », sou de Coach, Alexander Lüdeke.

Eis Daumen sinn op alle Fall gedréckt vir muer. Luxembourg - Let's make it happen!