Neien Technesche Staff vun der FLAM/Judo ab Januar 2021

Neien Technesche Staff vun der FLAM/Judo ab Januar 2021

D'FLAM/Judo ass immens houfereg Iech säi neien Technesche Staff ab Januar 2021 virzestellen. Si si responsabel vir den Developpement vum Judo op héijem Niveau hei zu Lëtzebuerg vir déi nächst 4 Joer (1 Olympia-Zyklus) :

  • Nationalen Techneschen Directer vum Judo: M. Wolfgang Amoussou;
  • Judo Nationaltrainer vun den U21/Senioren: M. Jasper Huitsing;
  • Judo Nationaltrainer vun den U13/U15/U18: M. Sascha Herkenrath.


Hei drënner, als "pièce-jointe" fannt Dir den offizielle Pressecommuniqué.

Mir profitéieren schlussendlech gäre vun der Geleeënheet eiser aktueller Equipe e grousse Merci ze soen, dass si sech bereet erkläert hunn zesummen, am Sënn vun eisen Athleten an dem Lëtzebuerger Judo, e gudden a reiwungslosen Iwwergang ze garantéieren.

#JudoTeamLëtzebuerg #TeamLetzebuerg #letsmakeithappen #judomorethansport #LetzebuerglieftSport #strongertogether