Recommandatiounen vir d'Veräiner vum Sportsministère an der FLAM !

Recommandatiounen vir d'Veräiner vum Sportsministère an der FLAM !

Hei drënner, als pièces jointes, fannt Dir d'Recommandatioune vum Sportsministère an der FLAM wat d'Sportaktivitéiten ugeet. Dës Mesure gëllen ab haut bis viraussiichtlech Enn des Joers, den 31.12.2020.

Mir soen Iech e grousse Merci d'Mesure vun eiser Regierung konsequent anzehalen a stinn Iech bei Froen natierlech zu all Moment ënner folgender Mailadresse zur Verfügung: sport@judo.lu.

Schlussendlech ass et eis wichteg ze betounen, dass mir der Meenung sinn, dass mir, all zesummen, an der Verantwortung stinn an eise Part musse bäidroen, déi aktuell schwiereg Gesondheetsituatioun ze meeschteren. All d'Recommandatiounen hunn ee gemeinsaamt Haaptzil: d'Infektiounsgefor ze minimiséieren, eventuell Infektiounsketten esou séier wéi méiglech kënnen z'identifizéieren an zeréck ze verfollegen, all onnëtze Kontakt ze evitéieren, d'Traininger, wa méiglech, kënne bäizebehalen a, virun allem, eis Veräiner a Memberen ze schützen.

Villmools Merci am Viraus vir Är Collaboratioun an Är Solidaritéit!