Talent Days 2020: 26.09 Wincrange & 27.09 Differdange

Talent Days 2020: 26.09 Wincrange & 27.09 Differdange

Dëse Weekend hunn 2 Talent Days vun der FLAM/Judo vir d'Altersklassen U11, U13 an U15 stattfonnt: de 26.09 zu Wëntger an de 27.09 zu Déifferdeng.

Ënnert der Leedung vum Assistenz-Nationaltrainer, Franz Kofler, ware jeweils 15 bis 20 motivéiert Kanner um Teppech, déi sech wärend 4 Stonnen, vun 09:00 bis 13:00 Auer, konnten "auspoweren"!

Mir soen dem JC Wincrange an dem JJJC Differdange, souwéi de Veräinstrainer, Freddy Hirlimann, Jil Winandy, Laurent Weis, Marco Dos Santos a Luca Marchiori e grousse Merci vir hier Hëllef! Besonnesch erfreet ware mir och iwwer d'Presenz de 27.09 vum Claudio Nunes Dos Santos, eise momentan beschte Judoka!

Mir freeën eis schonn op déi nächst Editioun a soen Iech villmools Merci am Viraus vir Är Participatioun.

#JudoTeamLëtzebuerg #TeamLetzebuerg #strongertogether #LetzebuerglieftSport #LTAD #judomorethansport