Trainerweiderbildung 27.06.2020 - FLAM/Judo a FLAM/Karate

Trainerweiderbildung 27.06.2020 - FLAM/Judo a FLAM/Karate

“Eine Lehrstunde vom blonden Jackie Chan” - e flotten Artikel vum Tageblatt iwwer eis Trainerfortbildung vum Samschden, 27. Juni 2020, an der Coque. De ganzen Artikel kënnt Dir och op eiser Facebooksäit "Judo Team Lëtzebuerg" noliesen!

Zesummen - zesummen hunn d’Sektiounen Karate a Judo vun der FLAM eng Weiderbildung mam “blonden Jackie Chan”, dem Kris Clees vu Natur - Beweegung - Entwecklung, vir hier Veräinstrainer organiséiert. Niewent de ganz interessanten Themeberäicher vum Kris, Ralf Heiler (DTN Judo) a vum Dr. Jürgen Fritzsche (DTN Karate), war et besonnesch flott ze gesinn wéi déi ronn 20 Karate- a Judoka sech ausgetosch, zesumme gelaacht an zesummen eppes geléiert hunn! Eng interessant Formule och vir d’Zukunft!? Dat war op allefall de Wonsch vun alle Participanten, deene mir villmools Merci soen vir hier gutt Laun an hieren Asaz.

Wärend der ganzer Formatioun goufen d’Hygiènes- a Sécherheetsreegelen konsequent agehalen. All d’Spiller an Exercicer ware kontaktfräi, mee et sollt net nëmme bei enger « corona-ugepasstener » Weiderbildung bleiwen. « Es handelt sich (...) um nachhaltige Tipps, die langfristig eingebaut und angepasst werden können ». Also ganz am Sënn vum LTAD (« Long Term Athlete Development ») Konzept.

Mir soen dem Kris, dem Jürgen, dem Ralf, eise Kolleegen vum Karate, alle Participanten, der Coque a natierlech der ENEPS e grousse Merci vir déi flott Erfarung, hier Ënnerstëtzung a Bedeelegung!

All d'Fotoen fannt Dir hei !