U23 Europameeschterschaft 2020 - Porec, Kroatien

U23 Europameeschterschaft 2020 - Porec, Kroatien

Gëschter sinn eis zwee COSL-Athleten, d’Anetta MOSR (Cadre COSL Promotion, JC Beaufort) an de Claudio NUNES DOS SANTOS (Cadre COSL Elite, JJJC Differdange) mam Nationaltrainer Alexander LÜDEKE op Porec (CRO) geflunn, wou si muer, Méindeg de 09.11.2020, un der U23 Europameeschterschaft 2020 Deel huelen!

Lëtzebuerg ass mam Anetta an der Gewiichtsklass -63kg a mam Claudio bis 73kg vertrueden. Alle béid gi muer, um éischte Kampfdaag, un de Start! Dir kënnt hier Kämpf LIVE op www.ippon.tv verfollegen. Mir drécken hinnen elo scho ganz fest d’Daumen a ginn Iech haut um 21:00 Auer Rendezvous op eiser Facebook- an Instagramsäit, wou mir hier Auslousung wäerten deelen.

Anettka, Claudio, gitt Gas!